lo hu mir d’Prozedur schon virun engem Jor gestart
an nach ass keng Nouvell eraus
… déi lescht Koppel, déi eng Attributioun kruuten, woren am Dezember 2013. 🙁
Mee anscheinend huet sech awer lo bei deene Famillien vill gedoen, déi lo hir Kanner solle siche goen.
Zënter deem Neie Gesetz a Süd-Korea mussen d’Adoptivelteren lo net nëmmen 1 mol op Seoul fléien …mee direkt 2 mol …mmmh
déi éischte Kéier léieren si hirt Kand kennen a gin dann bei de Richter geruff, fir hir ” Beweeggrënn” fir d’Adoptioun ze begrënnen
an dann teschend 3 Wochen an X Méint drop duerf een sai Kand dann ereischt siche goen.
Ass lo alles bessi méi komplizéirt gin an leider lo och bessi méi deier, fir esou e klenge Butzi duerfen sichen ze goen…
mee bon…GEDOLD hu mir jo scho bei onsem Jasper senger Adoptioun geléiert :)haha
Copyright 2014 Jayden Di Maggio